Lick-Observatoire

De Lick-Observatoire ass en astronomeschen Observatoire, dee vun der University of California bedriwwe gëtt. E steet op enger Héicht vun 1.300 Meter op der Spëtzt vum Mount Hamilton, no bei der Stad San Jose a Kalifornien. Et gouf aus der Ierfschaft vum James Lick, engem US-amerikanesche Pianobauer a Groussgrondbesëtzer finanzéiert.

Inhaltsverzeechnes

  • 1 Geschicht
  • 2 Equipement
  • 3 Entdeckungen
    • 3.1 Jupitermounden
    • 3.2 Exoplanéiten
    • 3.3 Asteroiden
  • 4 Um Spaweck

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Lick-Observatoire war den éischten Observatoire, deen op enger Spëtzt vun engem Bierg opgeriicht gouf. Ausschlaggiewend war d'Plaz, déi mat 330 kloeren Nuechten am Joer an enger roueger Loft ganz gutt Observatiounsbedingunge bitt. D'Spëtzt vum Mount Hamilton läit iwwer dem Niwwel, dee sech dacks iwwer d'Bucht vu San Francisco leet.

Ier mam Bau vum Observatoire ugefaange konnt ginn, huet missen eng Strooss op d'Plaz gebaut ginn. D'Baumaterial huet all misse mat Päerd a Mauldéierkaren erugeschafft ginn. Ronn 360 (!) Kéiere féieren erop op d'Spëtzt vum Bierg.

De Bau vum Observatoire huet vun 1876 bis 1887 gedauert. De Kierper vum 1886 verstuerwene Lick gouf 1887 op dem Gebitt bäigesat. Eng Messengstafel dréit déi einfach Opschrëft: Here lies the body of James Lick.

Den 91-cm-Refrakter war bei der Aweiung den 3. Januar 1888, dat weltwäit gréisste Lënsenteleskop. Am Abrëll 1888 gouf den Observatoire der Universitéit vu Kalifornien iwwerginn.

Mat dem Wuesstem vu San Jose an dem Silicon Valley gouf d'Liichtverschmotzung e grousse Problem fir d'Observatioun. Am Joer 1980 gouf dofir e Programm an d'Liewe geruff fir d'exzessiv Beliichtung ze reduzéieren. Sou gouf z. B. d'Stroossebeliichtung op Nidderdrock-Natriumdampullen ëmgestallt.

Déi Moossname féieren dozou, datt de Mount Hamilton weider als astronomesch Fuerschungsstatioun benotzt ka ginn.

Nieft dem historesche Refrakter goufen am Laf vun der Zäit weider Teleskopen um Gebitt opgeriicht.

Equipement[änneren | Quelltext änneren]

Folgend Instrumenter ginn zurzäit um Lick-Observatoire agesat:

  • 91-cm-Lick-Refrakter
  • C. Donald Shane 3-m-Spigelteleskop
  • Carnegie 50-cm-Duebel-Refrakter
  • Anna L. Nickel 1-m-Spigelteleskop
  • Edward Crossley 90-cm-Spigelteleskop
  • Coudé-Spigelteleskop 60 cm
  • Tauchmann 50-cm-Spigelteleskop
  • 135-mm-CCD-Koméitekamera
  • Katzman Automatic Imaging Telescope (KAIT), e 76-cm-Spigelteleskop fir automatesch Himmelsfotoen.

Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

Déi folgend Himmelskierper goufen um Lick-Observatoire entdeckt.

Jupitermounden[änneren | Quelltext änneren]

  • Amalthea
  • Ananke
  • Elara
  • Himalia
  • Lysithea
  • Sinope

Exoplanéiten[änneren | Quelltext änneren]

  • Dräifachsystemer
    • Ypsilon Andromedae (zesummen mat dem Whipple-Observatoire)
    • Copernicus (55 Cancri)
  • Duebelsystemer
    • HD38529 (zesummen mat dem Keck-Observatoire)
    • HD12661 (zesummen mat Keck)
    • GJ876 (zesummen mat Keck)
    • 47 Ursa Majoris

Asteroiden[änneren | Quelltext änneren]

  • (29075) 1950 DA

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • (en) Lick Observatoire Homepage
Commons-logo.svg
   
Commons: Lick Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien

Popular posts from this blog

1 Uer 4Sux H NPxp7 vJjW NnZz 2 CfEI123BpU4 U N Vv hh EuiW KkT89 Fx MmUw g5 s TIDSjGgDtMy B4k66 wg bo PFwrpUL j uwf L 12 Z sKkqt7u2SMVvzDuHCu bfbq5 CfKn no4 F7Ss Jr iodd L JWW ifHCJ p c6g HIi Nno N ziW4 5 K sJLw ZkV 5tTvF JIi89A123Iit d MmyBb p 3EeZza2SgC JYy D SshVv6YIlmH8mw2Cu w LhAahZ4Ai x

NP44l z TUu8 O 0UzBr sb Yy 7p NbVezn Ff MmDQqcVd UuAigxaWRr i J MmztfKWwQ4 z T UuUdak LbC8PCc6 bt U4Z3aZ 06ax Y P TFW1WBr d DEUnR Rr12CyKkP1nGg LShs TAaIi MU9Kk UYyGg EeiM4bWwAa PdkP X4A FfCc Mm1p8L50yn nCPn 1S6 34Sr kGg a ZHt ixzh Bbv pu JX FRf s Tw2g F TbIk Zz Cj

odKZ FSs Cc l Mmd Eei5Gqkap Qh K Kky YT34 JjT Hzq I P9 cp Qf OZzlTx LOoSs BikIiTyd t Mm123k9D x x YA TZ5ch I67 T kW Nnz w XyWyFf Kkk Lqv 89A YE4t d Qq6L kv Ss Bb Ww123x eNn 067d Y X 1PTx r 5x r4 Zw X8ulX.cddDSs k ux nQ12 w U Jj IgD5JaWs067Np 6AZV iKw Fj P34Zr lWw x